Episode's summary
Eng Serie déi nach e relativ jonke Batman weist, deen sech nees op d’Juegd duerch Gotham City mécht, fir déi Béis zur Streck ze bréngen. Eng Serie, déi ganz vill Léift fir déi eegen Haaptfigur huet.
Eng Serie déi nach e relativ jonke Batman weist, deen sech nees op d’Juegd duerch Gotham City mécht, fir déi Béis zur Streck ze bréngen. Eng Serie, déi ganz vill Léift fir déi eegen Haaptfigur huet.
Episodes
Batman: Caped Crusader
ListenedEng Serie déi nach e relativ jonke Batman weist, deen sech nees op d’Juegd duerch Gotham City mécht, fir déi Béis zur Streck ze bréngen. Eng Serie, déi ganz vill Léift fir déi eegen Haaptfigur huet.
Filmkritik: "Godzilla Minus Zero"
ListenedAn dëser Suite vum rezente "Godzilla Minus One" ass d'Populatioun am Nookrichs-Japan net méi nëmme mam Monster Godzilla geplot - elo muss si sech och nach mat der net manner geféierlecher Kreatur Ghidorah erëmklappen. De Michel Delage huet de japanesche Monsterfilm gesinn.
Filmkritik: "Wild Horse Nine"
ListenedDem Martin McDonagh säi batterbéise Frëndschaftsdrama setzt den Duo John Malkovich-Sam Rockwell als CIA-Killeren an Zeen. Kuerz virum Pinochet-Coup 1973 am Chile ënnerhuele si eng existenziell Eskapad op d'Ouschterinsel. Eng Kritik vum Michel Delage.
Jemp Schuster – Spawecken
ListenedA sengem Roman „Spawecken“ geet de Jemp Schuster nach emol zréck an d‘Duerfgeschicht vu Lëtzebuerg. De Roman, dee bei Kremart publizéiert ass, féiert am éischten Deel an déi zweet Hallschent vum leschte Joerhonnert, am zweeten Deel léiere mer d‘Wuerzele vum Ampeljong kennen a mat him d‘Geschicht vum fiktiven Duerf Schëldrëf a vun der Schmadd-Famill an dat an der Zäit vum Drëssegjärege Krich. E Roman, deen op der Shortlëscht fir de Lëtzebuerger Buchpräis steet. Valerija Berdi huet „Spawecken“ gelies. OFSO esouwäit d‘Valerija Berdi mat enger Bespriechung vum Jemp Schuster sengem Roman „Spawecken“. D‘Buch ass am Kremart-Verlag eraus komm. Manuskript
Honey I'm Home
ListenedEng jonk Band vun Amsterdam, déi dir villaicht nach net kennt, mee déi geschwë waert grouss eräuskomme, sinn Honey I'm Home. Op den europäesche Showcase-Festivals wéi Eurosonic oder Reeperbahn sinn si esou muench engem am Gediechtnis bliwwen. Tescht schwéiere Gittarren a verdreemten Effekter steet hir Musek éierlech a gevillvoll do, an d'Band op der Bün präsent a gevillvoll. Ee Gespréich mam Gittarist a Songwriter vun hirer neier Single, Thom Schotanus.